top of page

Package

An Zesummenaarbecht mam Tourist Tours organiséiert den Hotel Huberty e voll gesuergte Weekend. Während dësem Weekend gesitt Dir déi schéinste Géigende vum schéine Lëtzebuerg wärend enger Autosrees vun ongeféier 150 Kilometer. Owes gi lecker Iessen am Hotel zur Verfügung gestallt a moies gëtt e flotte Kaffi servéiert ier d'Touristentour duerch dat schéint Lëtzebuerg gestart gëtt.

Programm:

Freideg: spéiden Nomëtteg Arrivée am Hotel Huberty zu Kautenbach.

Owes Owesiessen am gemittleche Restaurant ënner dem Hotel.

Samschdeg: 9:00 Auer Kaffi, da fänkt d'Touristentour um 10:00 Auer un.

Während dësem Dag ginn déi schéinste Plazen zu Lëtzebuerg besicht, e speziellen a voll versuergten Dag an deem d'Participanten an engem Luxusauto transportéiert ginn. Ënnerwee wäerte mir fir eng Taass Kaffi stoppen.

Mëttes fënnt e chinesesche Buffet an der historescher Stad Iechternach statt.

Arrivée zu Kautebaach tëscht 17:00 an 18:00, duerno gëtt e Sandwichiessen zerwéiert.

Sonndeg: Kaffi fänkt moies un, duerno hunn d'Participanten de Rescht vum Dag fir sech selwer a schliisslech an Holland fort.

Käschte vun dësem Package, abegraff all déi uewe beschriwwe Komponenten:

175,00 € pro Persoun mat engem Minimum vu 4 a maximal 6 Participanten.

Dëse Package kann och mam Transport aus Holland an zréck ergänzt ginn. All Participante gi vun Heem gesammelt a Sonndes heem bruecht.

Käschte vun dësem Package:

225,00 € pro Persoun mat engem Minimum vu 4 a maximal 6 Participanten an nëmme valabel ausserhalb vun de Schoulvakanzen.

bottom of page